Päischtwandertour 2006

RG Tréier bis Schleis Detzem     25 km
Schleis Detzem bis Mülheim       32 km
Mülheim bis Traben-Trarbach      28 km
Traben-Trarbach bis Zell              17 km
 
D’Petra steet vu Freed um Kapp.
Petra_steht_Kopf_06.jpg

Freideg, 2. Juni 2006

Nodeems d’Wieder schons ganz Woch schlecht war, hate mir keng grous Hoffnung, datt et besser géif ginn. Mee et huet sech geännert, et war déi ganzen Zäit iwwerhaapt net naass a weder ze kal nach ze waarm.

D’Ute, dat den Tour zesummen mam Eva geplangt hat, ass leider ausgefalen. De Rolf huet et missen vertrieden an d’Ute kritt moies an owes um Telefon e Rapport vum Eva.

Och d’Corine huet leider missen verzichten, hat huet sech léiwer eng Trap rofgeheit.

malade  Fahrtenleitung_06.jpg

Mat Genoss hu mir dunn (net nëmmen) d’Booter fuere geloss. Wéi ee gesäit war och den Hägar nees derbäi.

Zu Longuich huet d’Eva aus dem Lokal “Nossbam” eng Fläsch Wäin an d’Boot komme geloss a mat dem Ingrid senge Suën bezuelt.

Michaela_Haegar.jpg

Samsdeg, 3. Juni 2006

Zu Wintrich konnte mir d’Schëffschleis benotze a ware geschwënn zu Mülheim. Mam Auto gung et dunn op Traben-Trarbach, am Hotel war grousse Chaos. D’Leedung vum Hotel war definitiv dem Usturm vu souvill Ruderern net gewuess. Mir hunn eis op de Wee gemaacht an d’Zunftscheune an der Hoffnung, wéinstens do als Gaascht behandelt ze ginn.
Schleuse  Wintrich_06.jpg

An der Zunftscheune goufe mir mat engem Glas Crémant begréisst. E grousse Koup Ruderer ass bekanntlech just schwéier ze zielen, also ass e Glas zevill komm. Mat dem Sproch “ech därf net, also drénken ech” huet eise frëndleche chinesesche Garçon de Problem geléist.

Nächste Problem: bei wat fir e Plat gehéiert wat fir en Zalot vum Buffee, bei wat fir e net? E pragmatesche Rot vum Garçon: “Huelt Iech all, ech gesi näischt”.

Et gouf dunn e ganz schéinen Owend.

Alte  Zunftscheune_06.jpg

Wéi d’Eva hiere Wënzerdram bestelle wollt, huet eise chinesesche Garçon besuergt gefrot: “Pakt Dir dat?” De Problem gouf dunn sou geléist: De Rolf an d’Eva kruten e Wënzerdram mat zwee Läffelen, sou ass kee geplatzt.

Dono gouf, wéi och déi nächst Owender, zu méi oder manner d’Bar am Jugendstil frequentéiert.

Winzertraum-Dessert_06.jpg

Sonndeg, 4. Juni 2006

De Ludwig huet seng Equipe (den Edwin, d’Ursula, d’Eva an de Stefan) zu Héchstleeschtungen ugedriwen: Si hu net nëmmen missen vun Mülheim op Traben-Trarbach ruderen, mee hunn och nach missen Spiralen ruderen. Den Edwin war freckt, koum mat der Pakstrategie vu sengem Gepäcksak net méi klor an huet säin Autosschlëssel an der Musel versenkt.

Als Ausgläich gouf et wéi all Dag a wéi bei all Wanderfahrt op der Mëttesrascht zu Ürzig e ganz gudde Buffet. Extra gudd war d’Zitrounentaart déi de Claude an d’Gloria matbruecht haten.

D’Meike a säi Frënd hunn eis do besicht, Ufank Juli ass hier Duechter Amrei Johanna op d’Welt komm.
 


tarte  citron Bild_06.jpg

Méindeg, 5. Juni 2006

Ofleeën zu Traben-Trarbach.

Traben-Trarbach_06.jpg
Well d’Schëffschleis duerch e Schubverband komplett gefëllt war, hu mir zu Enkirch d’Sportsbootschleis geholl, da wackelt et eben e wéineg méi. Schleuse  Enkirch_06.jpg
D’Tourleedung beréit sech mam Komitee. Wahrscheinlech geet et em d’Fro, wéi ee verhënnere kéint, dat Ruderer, déi d’Boot droen vum Quai an d’Waasser falen. Abriggern  in Zell_06.jpg
E grousse Merci un eise Landdéngscht d’Paula, de Rüdiger an de Volker. Si hu nees e gudden Job gemaacht. D’Bild weist d’Paula beim verdéngten Feierowend. Paula_06.jpg

Zum Ofschloss gouf et den traditionellen Campari-Orange vum Gerhard an Ursel.

Well mir elo déiselwecht Streck net nees zréck rudere wollten, ware mir ganz dankbar, datt de Werner eis ofgeholl a mat eisen Booter zréck op Tréier bruecht huet.

Et war alt nees eng Kéier e ganz schéine Wandertour.

Campari  Orange_06.jpg

Biller: Günther Sigmund
Stoffsammlung: Eva Bernhard an Rolf Linn
Bildbeaarbéchtung an Texter: Rolf Linn
Iwwersetzung: Claude Schreiner
21. Juli 2006